Op Luxauto.lu goen

Séchert de Verkaf vun Ärem Gefier op Luxauto mat Obvy of.

Profitéiert vun der gesécherter Transaktioun tëschent Privatpersoune fir de Verkaf vun Ärem Gefier ofzeschléissen

Luxauto stellt Iech d'Léisung vum gesécherte Bezuele mat Oby zur Verfügung fir de Verkaf vun Ärem Gefier tëschent Privatpersounen direkt virun Ärem Gefier ofzeschléissen! Eis Léisung garantéiert Iech d'Solvenz vum Keefer esou ewéi e séieren a gesécherten Transfert vun de Fongen op Äre Bankkont.

  • Hannerleeë vun de Fongen 100% geséchert op en online Bankkont bis de Verkaf
  • Solvenz vum Keefer garantéiert, esou ewéi seng Identitéit a seng Adressdaten
  • Vollkomme Flexibilitéit tëschent dem Keefer an dem Verkeefer dank der Upassung vum Verkafspräis virum Gefier

Dir verkaaft Äert Gefier?

Luxauto séchert Är Transaktioun of

1. Erstellt Ären Obvy Kont

Luet d'App op Ären Handy a fëllt d'Informatiounen an déi noutwenneg Dokumenter aus fir Ären Obvy Kont ze erstellen.

2. Trefft de Keefer

Vis-à-vis vum Keefer hutt Dir d'Wiel den endgültege Verkafspräis unzepassen. Eemol averstanen, kënnt Dir d'Iwwerdroungsdokumenter vun Ärem Gefier ënnerschreiwen.

3. Schléisst d'Transaktioun of

Schléisst de Verkaf definitiv of andeem Dir dem Keefer de Code Barre weist, deen d'Obvy App generéiert huet. D'Scanne vum Code Barre léist den Transfert vun de Fongen aus.

4. Iwwerweist d'Fongen op Äre Bankkont

D'Sue vum Keefer sinn elo an Ärem Besëtz!
Dir kënnt dës Fongen op e Bankkont vun Ärer Wiel iwwerweisen.

Dir kaaft eng Occasioun?

Bezuelt de Verkeefer direkt a vollster Sécherheet

1. Maacht Är Bezuelung

Nom éischte Kontakt mam Verkeefer vun Ärem zukünftege Gefier, gitt op d'Luxauto-Säit vum Gefier fir op d'Bezuele mat Obvy ze kommen.

2. Erstellt Ären Obvy Kont

Gitt déi noutwenneg Informatiounen a fir Äre Kont ze validéieren an en Obvy-Kont opzemaachen, luet d'App op Ären Handy erof.

3. Iwwerweist d'Fongen op Äre gesécherte Kont

Setzt de Betrag vum Verkafspräis vum Gefier op Ären online Obvy-Kont.
Keng Suergen, d'Sue bleiwen an Ärem Besëtz!

4. Schléisst d'Transaktioun virum Gefier of

De Keefer kann de Betrag bis zum Ofschloss vun der Transaktioun änneren. Eemol de Verkaf ofgeschloss, validéiert d'Bezuelung direkt an der Obvy-Handy-App.

Tariffer

Obvy proposéiert niddereg Präisser an erlaabt esou de Benotzer vu Luxauto hir Transaktiounen ze vereinfachen an ofzesécheren

Betrag vun der Transaktioun De Keefer bezilt jee Käschte fir de Verkeefer Käschte fir de Keefer
Betrag bis 99 € Bankkaart 1 € 4 % (*)
Betrag bis 249 € Bankkaart 3 € 3 % (*)
Betrag bis 499 € Bankkaart 5 € 2 % (*)
Betrag bis 1 199 € Bankkaart 10 € 1,5 % (*)
Betrag bis 9 999 € Iwwerweisung 15 € 0,5 % (*)
Betrag bis 99 999 € Iwwerweisung 25 € 0,2 % (*)
Betrag bis 200 000 € Iwwerweisung 50 € 0,2 % (*)

D'Käschte ginn nëmmen ofgezunn wann d'Transaktioun ofgeschloss ass. D'Zeréckbezuelen ass integral a gratis am Fall vun der Annuléierung vun der Transaktioun.

* Les frais Luxauto s'applique au prix du véhicule