Op Luxauto.lu goen

HEEFEG FROEN

PRIVATLEIT PROFESSIONNEL LEIT
1. Ech sinn nach kee professionelle Partner op Luxauto.Lu, wéi kann ech dat ginn ?
Kontaktéiert ons op www.luxautoPro.Lu An der Rubrik Partner ginn. Esoubal mir Ären ausgefëllte Formulaire krut hunn, schécke mir Iech Är Accès-Code per E-Mail. D'Aschreiwung ass gratis
2. Wéivill kascht eng Annonce op Luxauto.lu ?
Fir all Fro iwwer Präisser schéckt w.e.g. eng E-Mail op dës Adress : pro@luxauto.lu
3. Wéivill Fotoe kann ech an dra sëtzen ?
Dir hutt d'Méiglechkeet, bis zu 4 Fotoen dran ze sëtzen (Déi éischt Foto gëtt Iech mat Ärer Annonce offréiert).
4. Wéi laang bleift eng Annonce gülteg um Site ?
Är Annonce bleift 16 Woche laang online. Duerno kritt Dir eng E-Mail, déi Iech erlaabt, Är Annonce ze aktualiséieren oder definitiv ze läschen.
5. Ech wëll gär perséinlech Informatiounen iwwer mäi Garage änneren.
Dir kënnt Är Ännerunge maachen andeems Dir Iech op Äre perséinleche Kont connectéiert op www.LuxautoPro.Lu am Onglet « Info Partner »
6. Ech géif gär de Präis, d'Kilometerzuel a menger Annonce änneren
Connectéiert Iech op Är professionell Interface op www.LuxautoPro.Lu a klickt op d'Annonce, déi Dir ännere wëllt.
7. Ech géif gär Publicitéit op Ärem Site Maachen, wéi muss ech mech do uleeën ?
Schéckt ons eng E-Mail mat Äre Froen oder Commentairen op déi heiten Adress : pub@luxauto.lu. Duerno huele mir ganz séier Kontakt mat Iech op.
8. Ech erënnere mech net méi u meng Identifianten, wéi kann ech mer se nees besuergen ?
Dir kënnt ons eng Demande fir nei Identifianten op déi heiten Adress schécken : pro@luxauto.lu.
9. U wie muss ech mech wenne wann ech Froen hunn ?
Dir kënnt all Är Froen un de Konnendéngscht op dës Adress schécken : pro@luxauto.lu. Mir wäerte versichen, Iech esou séier ewéi méiglech ze äntwerten.
10. Wat muss ech maache, fir dat méi Garage am Classement vun deenen 20 wichtegste Stocken affichéiert gëtt ?
Dëst Classement gëtt par rapport zu der Zuel vun den Annoncen, déi di lescht 20 Deeg op Luxauto.Lu publizéiert goufen, ermëttelt.